Kinnigin Zucht
June 20, 2018
No dem drëtte Joer Imkeren wëll een net méi alles dem Zoufall vun der Natur iwwer loossen. Dat bësse méi spezifesch Ziichten ass eng Optioun fir gutt Eegenschafte vun engem Beievollek ze erhalen.
Bei dëser spezifescher Zuucht geet et am einfachste mol nëmmen dreems d'Härkunft vun de Kinnigin ze kontrolléieren. Mat wéi engen Dronen si sech spéider paart, gëtt bei dëser Method der Natur iwwer looss.
Frësch Eeër aus engem Vollek mat gudden Eegenschaften wéi Frieddlechkeet, Bautrieb, Sammeltrieb a wéineg Schwärm Tendenz ginn ëmgelarvt an dann an e Vollek gehaangen wat bereet ass sech eng nei Kinnigin ze ziichten.
Déi Emlarvung ass een delikate Geste well dat frëscht Ee net beschiedegt däerf ginn.
Vun 10 Versich huet eng Kinnigin sech weider gebilt an ass (muer) um 13. Dag prett fir ze schlüpfen,
Schlüpft se wirklech ?
Mir bleiwen drun
Blog
Archive
Follow Me
D'Arbeschten vum Imker, Rezepter rondrem den Hunneg a sos News vun der Miseler Bei
