miselerbeimiselerbeihttps://www.miselerbei.lu/blogKinnigin Zucht]]>https://www.miselerbei.lu/single-post/2018/06/20/Kinnigin-Zuchthttps://www.miselerbei.lu/single-post/2018/06/20/Kinnigin-ZuchtWed, 20 Jun 2018 19:46:36 +0000
No dem drëtte Joer Imkeren wëll een net méi alles dem Zoufall vun der Natur iwwer loossen. Dat bësse méi spezifesch Ziichten ass eng Optioun fir gutt Eegenschafte vun engem Beievollek ze erhalen.
Bei dëser spezifescher Zuucht geet et am einfachste mol nëmmen dreems d'Härkunft vun de Kinnigin ze kontrolléieren. Mat wéi engen Dronen si sech spéider paart, gëtt bei dëser Method der Natur iwwer looss.
Frësch Eeër aus engem Vollek mat gudden Eegenschaften wéi Frieddlechkeet, Bautrieb, Sammeltrieb a wéineg Schwärm Tendenz ginn ëmgelarvt an dann an e Vollek gehaangen wat bereet ass sech eng nei Kinnigin ze ziichten.
Déi Emlarvung ass een delikate Geste well dat frëscht Ee net beschiedegt däerf ginn.
Vun 10 Versich huet eng Kinnigin sech weider gebilt an ass (muer) um 13. Dag prett fir ze schlüpfen,
Schlüpft se wirklech ?
Mir bleiwen drun
]]>
Hunneg schleideren]]>https://www.miselerbei.lu/single-post/2018/06/07/Hunneg-schleiderenhttps://www.miselerbei.lu/single-post/2018/06/07/Hunneg-schleiderenThu, 07 Jun 2018 11:08:18 +0000
De 26. Mee war d'Wieder optimal fir déi voll Hunnegraim vun eisen 11 Vëlker ze schleideren.
No enger Woch am Réierer war den Hunneg optimal fein kristalliséiert an konnt an där gewinnter cremeger Form an d'Glieser agefëllt ginn.
Ab elo ass eise Fréijoars Hunneg 2018 disponibel an dat an de Glieser vun 150g, 200g an 450g, sou wei dir et braucht. Speziell Gréissten vu Glieser fir Kaddoën/ Remerciement vu Kanddaf an Hochzäiten kënnen op Wonsch zesummen gestallt ginn.
]]>
Völkerduerchsiichthttps://www.miselerbei.lu/single-post/2018/02/18/V%C3%B6lkerduerchsiichthttps://www.miselerbei.lu/single-post/2018/02/18/V%C3%B6lkerduerchsiichtSun, 18 Feb 2018 17:31:27 +0000
Geeschter gouf hei am Duerf de Wanter verbrannt an sou gouf et fir eis héich Zäit fir eng kleng Völkerduerchsiicht.
Beim Ukommen op eisem Stand konnten mer schonn den Fluchverkéier virun all Stack beobachten. Dei schonn wärmend Sonnestralung huet Beien aus dem Stack gelackelt.
Weider hunn mir Gewiicht vun de Stäck kontrolléiert fir ofzeschätzen ob Fudderreserven nach fir weider kal Wochen duer ginn.
Insgesamt mat engem ganz positiven Gefill sinn mir duerch eis Wéngerten heem gaangen.
Scho voller Virfreed op déi éischt richteg Aarbechten um Stand 2018.
]]>
Summer Hunneg]]>https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/07/14/Summer-Hunneghttps://www.miselerbei.lu/single-post/2017/07/14/Summer-HunnegFri, 14 Jul 2017 14:34:31 +0000
Nom ofwaarden op besser Wieder haten mir gëschter decidéiert de Summerhunneg ze schleideren.
Séier haten mir mat éischte Problemer ze dinn an hun bäigeléiert fir d'Liewen. An awer waren mir no 6 Stonnen Aarbecht frou eise frëschen Hunneg ze schmaachen. An erëm hunn eis Beien eis iwwerrascht an mir hunn e gudde Produit fir iech.
En intensive Goût a Geroch deen een einfach un waarm Summerdeeg denken léist.
Deen neien Hunneg muss lo nach weider beaarbecht ginn, dass dësen, wei eisen Fréijoarshunneg, déi fir d'Miseler Bei typesch cremeg Konsistenz kritt.
]]>
Schleideren]]>https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/05/31/Schleiderenhttps://www.miselerbei.lu/single-post/2017/05/31/SchleiderenWed, 31 May 2017 20:33:43 +0000
35 kg Fréijoers Hunneg konnten mir des Woch a Glieser afëllen.
Hunneg deen aus dem Nektar vun Pissblummen a Uebstbeem Bléien entstanen as.
]]>
Ofleeër - Aus 6 gëtt 7]]>https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/05/09/Oflee%C3%ABr---Aus-6-g%C3%ABtt-7https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/05/09/Oflee%C3%ABr---Aus-6-g%C3%ABtt-7Tue, 09 May 2017 17:51:09 +0000
Virun 4 Wochen hunn mir eisen éischten erfollegräiche Brutableger ugeluecht. Dat heescht 2 Brutwaben zesummen mat 2 Futter Reserve Waben an eng Ofleeër Këscht gemaach. Deen sou entstanen Beiestack - ouni Kinnigin, zischt sech duerch déi richteg Ernährung eng nei Kinnigin erun.
No 4 Wochen geet d'Spannung erop op der Sich no Eeër an där neier Kinnigin.
]]>
Wanterarbeschten am Freijoer ?https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/04/17/Wanterarbeschten-am-Freijoer-https://www.miselerbei.lu/single-post/2017/04/17/Wanterarbeschten-am-Freijoer-Mon, 17 Apr 2017 17:24:23 +0000
Vun 0 ob 100, an daat méi schnell wéi geduet.
Vu dass mir 2 Völker bäikruten an nach 2 Ofleeër gemaah hunn, hu mir mol am Abrëll ugefaange Mettelwänn anzeschweesse fir dass d'Beien och genuch Platz fir hiren Hunneg hunn.
]]>