Summer Hunneg
July 14, 2017
Nom ofwaarden op besser Wieder haten mir gëschter decidéiert de Summerhunneg ze schleideren.
Séier haten mir mat éischte Problemer ze dinn an hun bäigeléiert fir d'Liewen. An awer waren mir no 6 Stonnen Aarbecht frou eise frëschen Hunneg ze schmaachen. An erëm hunn eis Beien eis iwwerrascht an mir hunn e gudde Produit fir iech.
En intensive Goût a Geroch deen een einfach un waarm Summerdeeg denken léist.
Deen neien Hunneg muss lo nach weider beaarbecht ginn, dass dësen, wei eisen Fréijoarshunneg, déi fir d'Miseler Bei typesch cremeg Konsistenz kritt.
Please reload
Blog
Archive
Follow Me
D'Arbeschten vum Imker, Rezepter rondrem den Hunneg a sos News vun der Miseler Bei
