De 26. Mee war d'Wieder optimal fir déi voll Hunnegraim vun eisen 11 Vëlker ze schleideren.
No enger Woch am Réierer war den Hunneg optimal fein kristalliséiert an konnt an där gewinnter cremeger Form an d'Glieser agefëllt ginn.
Ab elo ass eise Fréijoars Hunneg 2018 disponibel an dat an de Glieser vun 150g, 200g an 450g, sou wei dir et braucht. Speziell Gréissten vu Glieser fir Kaddoën/ Remerciement vu Kanddaf an Hochzäiten kënnen op Wonsch zesummen gestallt ginn....